Spillplaz zou

Spillplaz zou

⚠️𝐎𝐩𝐠𝐞𝐩𝐚𝐬𝐬𝐭: 𝐃𝐞́𝐢 𝐠𝐫𝐨𝐮𝐬𝐬 𝐒𝐩𝐢𝐥𝐥𝐩𝐥𝐚𝐳 𝐛𝐞𝐢 𝐝𝐞𝐫 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥 𝐳𝐮 𝐊𝐢𝐞𝐭𝐬𝐜𝐡𝐭 𝐚𝐬𝐬 𝐛𝐢𝐬 𝐨𝐩 𝐖𝐞𝐢𝐝𝐞𝐫𝐞𝐬 𝐠𝐞𝐬𝐩𝐚𝐚𝐫𝐭, well Eichenprozessionsspinner do sinn. De Kontakt mam Insekt kann allergesch Reaktiounen ausléisen.
🚫 D’Spärung ass aus Sécherheetsgrënn a mir bieden Iech, dës ze respektéieren.
Villmools Merci🤝
🇫🇷 ⚠️ 𝐀𝐭𝐭𝐞𝐧𝐭𝐢𝐨𝐧 : 𝐋𝐚 𝐠𝐫𝐚𝐧𝐝𝐞 𝐚𝐢𝐫𝐞 𝐝𝐞 𝐣𝐞𝐮𝐱 𝐬𝐢𝐭𝐮𝐞́𝐞 𝐩𝐫𝐞̀𝐬 𝐝𝐞 𝐥’𝐞́𝐜𝐨𝐥𝐞 𝐝𝐞 𝐊𝐨𝐞𝐭𝐬𝐜𝐡𝐞𝐭𝐭𝐞 𝐞𝐬𝐭 𝐟𝐞𝐫𝐦𝐞́𝐞 𝐣𝐮𝐬𝐪𝐮’𝐚̀ 𝐧𝐨𝐮𝐯𝐞𝐥 𝐨𝐫𝐝𝐫𝐞 en raison de la présence de chenilles processionnaires du chêne. Le contact avec leurs poils urticants peut provoquer des réactions allergiques.
🚫 Cette fermeture est une mesure de sécurité. Nous vous remercions de bien vouloir la respecter. Merci 🤝
Vide Grenier 2026

Vide Grenier 2026

🎈Mir freeën eis, Iech matzedeelen, datt de Vide-Grenier an eiser Gemeng de 15. August an eng nei Ronn geet!

Ab 10:00 Auer ka jidderee matmaachen a gutt erhalen, privat Géigestänn verkafen – vu Kleeder a Kannerspillsaache bis hin zu Bicher an Haushaltsartikelen.

Wann Dir virun Ärer Dier verkafe wëllt, da markéiert Är Plaz mat Loftballonen, sou gesinn d’Visiteuren direkt, datt et eppes ze entdecke gëtt. Gäre kënnt Dir eis Är Adress op pr@rambrouch.lu eraschécken, da setze mir déi (ouni Numm) fir Publikatioun op eis Websäit a Social-Media-Kanäl virum Event.

Wann Dir net doheem wëllt verkafen, da kënnt Dir dëst och op enger vun den offizielle Plaze vun der Gemeng maachen.

📍 Verkaf bei Iech doheem oder op enger vun den offizielle Plazen:

Rammerich – Gemengeplaz | Foulscht – Kiercheplaz | Hueschtert – virun der aler Schoul | Kietscht – virum Café | Ueschdref – virun der Schoul | Bungeref – Centre culturel | Wolwener Klaus | Pärel – Gare | Houltz – virun der Schoul | Bilschdref – Schoulhaff

Wichteg: D’Gemeng stellt keng Infrastruktur zur Verfügung (esou wéi Bänken, Dëscher, asw.). Verkaf ass nëmmen op Privatterrain oder op den offizielle Plazen erlaabt – just fir Privatleit, net fir professionell Verkeefer.

 

🇫🇷🎈 Nous avons le plaisir de vous annoncer qu’une nouvelle édition de notre Vide-Grenier aura lieu le 15 août dans notre commune!

À partir de 10h00, tout le monde peut participer et vendre des objets personnels en bon état : vêtements, jouets pour enfants, livres, articles ménagers, etc.

Pour signaler votre participation depuis votre domicile, accrochez des ballons à votre propriété. Cela permettra aux visiteurs de repérer facilement votre stand. Vous pouvez également nous envoyer votre adresse à pr@rambrouch.lu afin que nous puissions la publier (sans nom) sur notre site internet et nos réseaux sociaux dans le cadre de la promotion de l’événement.

Si vous ne souhaitez pas vendre depuis votre domicile, vous pouvez également vous installer sur l’un des emplacements officiels mis à disposition dans la commune.

📍 La vente est autorisée à votre domicile ou sur l’un des emplacements désignés par la commune :

Rambrouch – Place de la commune | Folschette – Place de l’église | Hostert – devant l’ancienne école | Koetschette – devant le café | Arsdorf – devant l’école | Bigonville – Centre culturel | Wolwener Klaus | Perlé – Gare | Holtz – devant l’école | Bilsdorf – Cour de l’école

Important : La commune ne fournit aucune infrastructure (tables, bancs, etc.). Les ventes sont autorisées uniquement sur des terrains privés ou sur les emplacements officiels et sont réservées aux particuliers. Les vendeurs professionnels ne sont pas admis.

Aarbechten Rue de Lannen zu Hueschtert

Aarbechten Rue de Lannen zu Hueschtert

𝐀𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭𝐞𝐧 𝐳𝐮 𝐇𝐮𝐞𝐬𝐜𝐡𝐭𝐞𝐫𝐭 – 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐞 𝐋𝐚𝐧𝐧𝐞𝐧 𝐠𝐞𝐬𝐩𝐚𝐚𝐫𝐭

Am Kader vun 2 verschiddene Projete vun der Gemeng an dem SIDEN ginn an der Rue de Lannen zu Hueschtert Aarbechten duerchgefouert. Zousätzlech gëtt am Kader vun der Verkéiersberouegung an zur Verbesserung vun der Accessibilitéit en neien Trottoir ugeluecht.

📅 𝐕𝐮𝐦 𝟏. 𝐉𝐮𝐧𝐢 𝟐𝟎𝟐𝟔 𝐛𝐢𝐬 𝐯𝐢𝐫𝐚𝐮𝐬𝐬𝐢𝐢𝐜𝐡𝐭𝐥𝐞𝐜𝐡 𝐝𝐞𝐧 𝟏𝟗. 𝐉𝐮𝐧𝐢 𝟐𝟎𝟐𝟔 𝐚𝐬𝐬 𝐝𝐨𝐰𝐞́𝐢𝐧𝐭 𝐝𝐞 𝐜𝐨𝐧𝐜𝐞𝐫𝐧𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭𝐞 𝐒𝐭𝐫𝐨𝐨𝐬𝐬𝐞𝐧𝐨𝐟𝐬𝐜𝐡𝐧𝐞̈𝐭𝐭 𝐤𝐨𝐦𝐩𝐥𝐞𝐭𝐭 𝐠𝐞𝐬𝐩𝐚𝐚𝐫𝐭.

ℹ️ Wärend dëser Zäit:
🚌 Fir betraffe Schoulkanner gëtt eng Navette organiséiert. Detailer kruten si via d’Schoul matgedeelt.
🗑️ D’Offallsammlung bleift assuréiert



🚧 𝐓𝐫𝐚𝐯𝐚𝐮𝐱 à 𝐇𝐨𝐬𝐭𝐞𝐫𝐭 – 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐞 𝐋𝐚𝐧𝐧𝐞𝐧 𝐛𝐚𝐫𝐫𝐞́𝐞

Dans le cadre de 2 projets différents de la commune et du SIDEN, des travaux seront réalisés dans la Rue de Lannen à Hostert. En complément, un nouveau trottoir sera aménagé afin d’améliorer la sécurité routière et l’accessibilité.

📅 𝐃𝐮 𝟏𝐞𝐫 𝐣𝐮𝐢𝐧 𝟐𝟎𝟐𝟔 𝐚𝐮 𝟏𝟗 𝐣𝐮𝐢𝐧 𝟐𝟎𝟐𝟔 (𝐬𝐨𝐮𝐬 𝐫𝐞́𝐬𝐞𝐫𝐯𝐞), le tronçon concerné sera entièrement barré.

ℹ️ Pendant cette période :
🚌 Une navette sera organisée pour les élèves concernés. Les détails ont été communiqués via l’école.
🗑️ La collecte des déchets reste assurée

Aarbechten zu Ueschdref

Aarbechten zu Ueschdref

🚧 𝐀𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭𝐞𝐧 𝐳𝐮 𝐔𝐞𝐬𝐜𝐡𝐝𝐫𝐞𝐟 – 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐮 𝐋𝐚𝐜
 
Ab dem 1. Juni 2026 starten zu Ueschdref an der Rue du Lac gréisser Aarbechten un der Kanalisatioun, der Waasserleitung an der Strooss.
 
📅 𝐕𝐮𝐦 𝟖. 𝐉𝐮𝐧𝐢 𝐛𝐢𝐬 𝐝𝐞𝐧 𝟑. 𝐉𝐮𝐥𝐢 𝟐𝟎𝟐𝟔 𝐬𝐢𝐧𝐧 𝐝’𝐊𝐫𝐚̈𝐢𝐳𝐮𝐧𝐠 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐮 𝐋𝐚𝐜 / 𝐑𝐮𝐞 𝐉𝐞𝐚𝐧-𝐉𝐚𝐜𝐪𝐮𝐞𝐬 𝐊𝐥𝐞𝐢𝐧 𝐬𝐨𝐮𝐰𝐞́𝐢 𝐝’𝐙𝐨𝐮𝐟𝐚𝐚𝐫𝐭 𝐡𝐚𝐧𝐧𝐞𝐫𝐭 𝐝𝐞 𝐊𝐮𝐥𝐭𝐮𝐫𝐳𝐞𝐧𝐭𝐞𝐫 𝐤𝐨𝐦𝐩𝐥𝐞𝐭𝐭 𝐠𝐞𝐬𝐩𝐚𝐚𝐫𝐭.
 
➡️ 𝐃𝐨𝐧𝐨 𝐠𝐞̈𝐭𝐭 𝐝’𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐮 𝐋𝐚𝐜 𝐚 𝐑𝐢𝐜𝐡𝐭𝐮𝐧𝐠 𝐊𝐢𝐞𝐭𝐬𝐜𝐡𝐭 𝐰𝐞𝐢𝐝𝐞𝐫 𝐠𝐞𝐬𝐩𝐚𝐚𝐫𝐭 𝐛𝐢𝐬 𝐳𝐮𝐦 𝐎𝐟𝐬𝐜𝐡𝐥𝐨𝐬𝐬 𝐯𝐮𝐧 𝐝𝐞𝐧 𝐀𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭𝐞𝐧.
 
⚠️ Wärend der Bauzäit kann d’Zoufaart zu verschiddenen Haiser net zu all Moment garantéiert ginn. D’Baufirma beméit sech awer, d’Accessibilitéit esou gutt wéi méiglech sécherzestellen.
 
🗑️ D’Offallsammlung bleift prinzipiell wéi gewinnt assuréiert.
 
 
🇫🇷 🚧 𝐓𝐫𝐚𝐯𝐚𝐮𝐱 𝐚̀ 𝐀𝐫𝐬𝐝𝐨𝐫𝐟 – 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐮 𝐋𝐚𝐜
 
À partir du 1er juin 2026, d’importants travaux débuteront à Arsdorf, dans la Rue du Lac, concernant la canalisation, la conduite d’eau ainsi que la voirie.
 
📅 𝐃𝐮 𝟖 𝐣𝐮𝐢𝐧 𝐚𝐮 𝟑 𝐣𝐮𝐢𝐥𝐥𝐞𝐭 𝟐𝟎𝟐𝟔, 𝐥𝐞 𝐜𝐚𝐫𝐫𝐞𝐟𝐨𝐮𝐫 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐮 𝐋𝐚𝐜 / 𝐑𝐮𝐞 𝐉𝐞𝐚𝐧-𝐉𝐚𝐜𝐪𝐮𝐞𝐬 𝐊𝐥𝐞𝐢𝐧 𝐚𝐢𝐧𝐬𝐢 𝐪𝐮𝐞 𝐥’𝐚𝐜𝐜𝐞̀𝐬 𝐝𝐞𝐫𝐫𝐢𝐞̀𝐫𝐞 𝐥𝐞 𝐜𝐞𝐧𝐭𝐫𝐞 𝐜𝐮𝐥𝐭𝐮𝐫𝐞𝐥 𝐬𝐞𝐫𝐨𝐧𝐭 𝐞𝐧𝐭𝐢𝐞̀𝐫𝐞𝐦𝐞𝐧𝐭 𝐛𝐚𝐫𝐫𝐞́𝐬.
 
➡️ 𝐄𝐧𝐬𝐮𝐢𝐭𝐞, 𝐥𝐚 𝐑𝐮𝐞 𝐝𝐮 𝐋𝐚𝐜 𝐞𝐧 𝐝𝐢𝐫𝐞𝐜𝐭𝐢𝐨𝐧 𝐝𝐞 𝐊𝐨𝐞𝐭𝐬𝐜𝐡𝐞𝐭𝐭𝐞 𝐫𝐞𝐬𝐭𝐞𝐫𝐚 𝐛𝐚𝐫𝐫𝐞́𝐞 𝐣𝐮𝐬𝐪𝐮’𝐚̀ 𝐥𝐚 𝐟𝐢𝐧 𝐝𝐞𝐬 𝐭𝐫𝐚𝐯𝐚𝐮𝐱.
 
⚠️ Pendant la durée du chantier, l’accès à certaines habitations ne pourra pas être garanti à tout moment. L’entreprise chargée des travaux s’efforcera toutefois d’assurer l’accessibilité dans la mesure du possible.
 
🗑️ La collecte des déchets reste en principe assurée comme d’habitude.

Chantier zu Hueschtert

Chantier zu Hueschtert

𝐀𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭𝐞𝐧 𝐳𝐮 𝐇𝐮𝐞𝐬𝐜𝐡𝐭𝐞𝐫𝐭 – 𝐕𝐞𝐫𝐤𝐞́𝐢𝐞𝐫 𝐚𝐧 𝐝𝐞𝐫 𝐑𝐮𝐞 𝐏𝐫𝐢𝐧𝐜𝐢𝐩𝐚𝐥𝐞 𝐦𝐚𝐭 𝐫𝐨𝐮𝐝𝐞 𝐋𝐮𝐮𝐜𝐡𝐭𝐞 𝐠𝐞𝐫𝐞𝐞𝐠𝐞𝐥𝐭
Ab dem 22. Mee 2026 um 17:00 Auer, ginn d’Aarbechten an der Rue Principale zu Hueschtertweidergefouert awer d’Strooss ass erëm fir de Verkéier op.
🚦 Dëse gëtt da bis zum Ofschloss vun den Aarbechte mat roude Luuchte gereegelt.
🇫🇷 🚧 𝐓𝐫𝐚𝐯𝐚𝐮𝐱 à 𝐇𝐨𝐬𝐭𝐞𝐫𝐭 – 𝐂𝐢𝐫𝐜𝐮𝐥𝐚𝐭𝐢𝐨𝐧 𝐫𝐞́𝐠𝐮𝐥𝐞́𝐞 𝐝𝐚𝐧𝐬 𝐥𝐚 𝐑𝐮𝐞 𝐏𝐫𝐢𝐧𝐜𝐢𝐩𝐚𝐥𝐞
À partir de vendredi 22 mai 2026 à 17h00, les travaux dans la Rue Principale à Hostert se poursuivront, mais la route sera à nouveau ouverte à la circulation.
🚦 La circulation sera régulée par des feux tricolores jusqu’à la fin des travaux.

Nuit du Sport 2026

Nuit du Sport 2026

E flotten Nomëtteg voller Sport, Beweegung a gudder Ambiance waart op Iech! Egal ob jonk oder manner jonk, sportlech oder einfach virwëtzeg – hei ass fir jiddereen eppes dobäi.

Probéiert verschidde Sportaarten aus, entdeckt lokal Veräiner a verbréngt eng flott Zäit. 

🇫🇷 Rejoignez-nous pour la Nuit du Sport 2026 à Rambrouch !

Un après-midi placé sous le signe du sport, de la découverte et de la convivialité vous attend ! Que vous soyez sportif, curieux, petit ou grand, il y aura des activités pour tous les goûts.

Venez découvrir différentes disciplines sportives, rencontrer les clubs locaux et partager un bon moment en famille ou entre amis.

 

Réinscription Maison Relais – Schouljoer 2026/2027

Réinscription Maison Relais – Schouljoer 2026/2027

Réinscription Maison Relais – Schouljoer 2026/2027

D’Neiaschreiwunge fir d’Schouljoer 2026/2027 sinn elo op (zënter dem 20.04.2026).

Den Dossier fir d’Neiaschreiwung fannt Dir hei.

👉 Aschreiwungsfrist: 30. Juni 2026


Nei Aschreiwung

Fir all nei Aschreiwung, mellt Iech w.e.g. am Viraus bei der Maison Relais:

  • 📧 Email: mr.rambrouch@arcus.lu
  • ☎️ Tel.: 23 64 19 80
    (vu Méindes bis Freides vun 08:00 bis 10:30 Auer)

🇫🇷 Réinscription Maison Relais – Année scolaire 2026/2027

Les réinscriptions pour l’année scolaire 2026/2027 sont ouvertes dès maintenant (20.4.2026)

Le dossier de réinscription est disponible en cliquant ici. 

👉 Date limite d’inscription : 30 juin 2026


Nouvelle inscription

Pour toute nouvelle inscription, merci de prendre contact avec la Maison Relais au préalable :

Info Subside Asiatesch Runn

Info Subside Asiatesch Runn

⚠️🐝 𝐀𝐒𝐈𝐀𝐓𝐄𝐒𝐂𝐇𝐄 𝐑𝐔𝐍𝐍 𝐌𝐀𝐓 𝐃𝐄 𝐆𝐈𝐄𝐋𝐄 𝐁𝐄𝐄𝐍
.
Déi asiatesch Runn ass eng invasiv Aart, déi sech am Moment staark zu Lëtzebuerg ausbreet an och schonn op eisem Gemengegebitt present ass. Si stellt eng Gefor fir eis Beien an d’Biodiversitéit duer.
.
💡 𝐏𝐫𝐢𝐯𝐚𝐭𝐥𝐞𝐢𝐭 𝐤𝐞̈𝐧𝐧𝐞𝐧 𝐞𝐧𝐠 𝐟𝐢𝐧𝐚𝐧𝐳𝐢𝐞𝐥𝐥 𝐄̈𝐧𝐧𝐞𝐫𝐬𝐭𝐞̈𝐭𝐳𝐮𝐧𝐠 𝐤𝐫𝐞́𝐢𝐞𝐧, 𝐰𝐚𝐧𝐧 𝐬𝐢 𝐞 𝐍𝐚𝐬𝐜𝐡𝐭 𝐯𝐮𝐧 𝐞𝐧𝐠𝐞𝐦 𝐒𝐩𝐞𝐳𝐢𝐚𝐥𝐢𝐬𝐭 𝐞𝐰𝐞𝐜𝐡𝐦𝐚𝐚𝐜𝐡𝐞 𝐥𝐨𝐨𝐬𝐬𝐞𝐧. 𝐃’𝐒𝐮𝐛𝐬𝐢𝐝𝐞̈ 𝐥𝐞𝐢𝐞𝐧 𝐭𝐞̈𝐬𝐜𝐡𝐭 𝟓𝟎 € 𝐚𝐧 𝟑𝟎𝟎 €, 𝐣𝐞𝐞 𝐧𝐨 𝐍𝐚𝐬𝐜𝐡𝐭.
——-
.
.
.
.
🇫🇷⚠️🐝 𝐅𝐑𝐄𝐋𝐎𝐍 𝐀𝐒𝐈𝐀𝐓𝐈𝐐𝐔𝐄 𝐀̀ 𝐏𝐀𝐓𝐓𝐄𝐒 𝐉𝐀𝐔𝐍𝐄𝐒
.
Le frelon asiatique est une espèce invasive qui se propage actuellement au Luxembourg et est désormais également présente sur le territoire de notre commune. Il représente une menace pour nos abeilles et la biodiversité.
.
💡 𝐋𝐞𝐬 𝐩𝐚𝐫𝐭𝐢𝐜𝐮𝐥𝐢𝐞𝐫𝐬 𝐩𝐞𝐮𝐯𝐞𝐧𝐭 𝐛𝐞́𝐧𝐞́𝐟𝐢𝐜𝐢𝐞𝐫 𝐝’𝐮𝐧𝐞 𝐚𝐢𝐝𝐞 𝐟𝐢𝐧𝐚𝐧𝐜𝐢𝐞̀𝐫𝐞 𝐩𝐨𝐮𝐫 𝐟𝐚𝐢𝐫𝐞 𝐞𝐧𝐥𝐞𝐯𝐞𝐫 𝐮𝐧 𝐧𝐢𝐝 𝐩𝐚𝐫 𝐮𝐧 𝐬𝐩𝐞́𝐜𝐢𝐚𝐥𝐢𝐬𝐭𝐞. 𝐋𝐞𝐬 𝐬𝐮𝐛𝐯𝐞𝐧𝐭𝐢𝐨𝐧𝐬 𝐯𝐚𝐫𝐢𝐞𝐧𝐭 𝐞𝐧𝐭𝐫𝐞 𝟓𝟎 € 𝐞𝐭 𝟑𝟎𝟎 €, 𝐬𝐞𝐥𝐨𝐧 𝐥𝐞 𝐧𝐢𝐝.
.
Kommunale Wunnengsbau zu Bungeref

Kommunale Wunnengsbau zu Bungeref

Klickt op d’Bild fir d’PDF Versioun erofzelueden. || Cliquez sur l’image pour télécharger le PDF.

Kommunale Wunnengsbau zu Bungeref

Verkaf vun 3 Appartementer an enger Residenz

D’Gemeng Rammerich verkeeft dräi Appartementer an enger Residenz, geleeën an der Rue du village zu Bungeref. Kandidaturen fir d’Appartement um Rez-de-Chaussée sinn weiderhinn op. 

D’Wunnenge sinn aktuell an der Planungsphas.
De Start vun de Bauaarbechten ass fir Ufank 2027 virgesinn, mat enger viraussiichtlecher Schlësseliwwerreechung Mëtt 2028.

D’Appartementer ginn zu Gestehungspräiss ugebueden, a gi schlësselfäerdeg verkaaft, inklusiv dem jeeweilegen Undeel um Terrain. De Verkaf riicht sech haaptsächlech u Bierger aus der Gemeng.

Charakteristike vun den Appartementer

Wunnfläch: 45 m² bis 82 m² (jee no Unitéit)

All Appartement ëmfaasst:

  • 1 bis 2 Schlofzëmmer
  • Kichen (net equipéiert)
  • Wunn- an Iessberäich
  • Buedzëmmer mat Dusch
  • Separat Toilette
  • Privat Terrass (Parterre)
  • Parkplazen (baussen) pro Unitéit

Energieklass vun der Residenz: A/A

Festgeluechte Verkafspräisser

(Reduzéierten TVA-Taux vun 3 % abegraff)

  • Appartement 1: 528.000 € TTC 3 %

Dës Präisplafongen dierfen ënner kengen Ëmstänn erhéicht ginn, ausser bei zousätzleche Leeschtungen, déi vum Keefer decidéiert ginn.

Zousätzlech Leeschtungen, inklusiv Kichen, däerfen op kee Fall 10 % vum Verkafspräis TTC iwwerschreiden.

D’Notaireskäschten falen zu Laaschte vum Keefer

Een eventuellen TVA-Remboursement ass op 50.000 € plafonéiert.

Konditiounen

  • Obligatoresch Notzung als Haaptwunnsëtz
  • Net Proprietär vun engem Bauterrain sinn an och net am Besëtz vun engem anere Wunnobjekt zu Lëtzebuerg oder am Ausland sinn.

  • Vergab no ausgewielte Critèrë: Wunnsëtz, Alter a Revenu
  • Erstellen vun enger Lëscht no ofsteigender Reiefolleg vun de Punkten
  • Bei Punktegläichheet kritt de Kandidat mat dem niddregste Revenu de Virrang
  • Logik tëscht Zesummesetzung vum Stot an der Zuel vun de Schlofzëmmeren

Déi detailléiert Critèrë fannt Dir am Bewerbungsformular.

Modalitéite fir ze kandidéieren

D’Formulairë fir Interessi unzemellen an eng Kandidatur anzereeche fannt Dir hei op Däitsch an hei op Franséisch. 

Logements communaux à Bigonville

Vente de 3 appartements en résidence

La Commune de Rambrouch met en vente trois appartements dans une résidence située Rue du Village à Bigonville. Les candidatures pour l’appartement au rez-de-chaussée sont toujours ouvertes.

Les logements sont actuellement en phase de planification.
Le début des travaux est prévu pour début 2027, avec une remise des clés estimée à mi-2028.

Les appartements sont proposés au prix de revient et vendus clés en main, quote-part terrain incluse.
La vente s’adresse prioritairement aux citoyens de la commune.

Caractéristiques des appartements

Surface habitable : de 45 m² à 82 m² (selon l’unité)

Chaque appartement comprend :

  • 1 à 2 chambres à coucher

  • Cuisine non équipée

  • Séjour et salle à manger

  • Salle de bain avec douche

  • WC séparé

  • Terrasse privative (rez-de-chaussée)

  • 2 emplacements de stationnement extérieurs par unité

Performance énergétique de la résidence : A/A

Prix de vente plafonnés

(TVA super-réduite de 3 % incluse)

  • Appartement 1 : 528.000 € TTC 3 %

Ces prix plafonds ne peuvent en aucun cas être augmentés, sauf suppléments décidés par l’acquéreur.
Les suppléments éventuels, cuisine incluse, ne peuvent dépasser 10 % du prix de vente TTC.

Les frais d’actes sont à charge de la partie acquéreuse.

Le remboursement de la TVA (le cas échéant) est plafonné à 50.000 €.

Conditions d’attribution

  • Occupation obligatoire à titre de résidence principale

  • Interdiction de détenir un usufruit ou la propriété d’un autre logement au Luxembourg ou à l’étranger

  • Attribution selon des critères pondérés : domicile, âge et revenu

  • Classement par ordre décroissant du nombre de points

  • En cas d’égalité : priorité au candidat disposant du revenu le plus faible

  • Adéquation entre la composition du ménage et le nombre de chambres

Les critères détaillés figurent dans le formulaire de candidature.

Modalités de candidature

Cliquez ici pour accéder aux formulaires permettant de manifester son intérêt et d’introduire une candidature.  

𝐒𝐭𝐚̈𝐞𝐫𝐤𝐭 𝐀̈𝐫 𝐝𝐢𝐠𝐢𝐭𝐚𝐥 𝐒𝐞́𝐜𝐡𝐞𝐫𝐡𝐞𝐞𝐭

𝐒𝐭𝐚̈𝐞𝐫𝐤𝐭 𝐀̈𝐫 𝐝𝐢𝐠𝐢𝐭𝐚𝐥 𝐒𝐞́𝐜𝐡𝐞𝐫𝐡𝐞𝐞𝐭

𝐒𝐭𝐚̈𝐞𝐫𝐤𝐭 𝐀̈𝐫 𝐝𝐢𝐠𝐢𝐭𝐚𝐥 𝐒𝐞́𝐜𝐡𝐞𝐫𝐡𝐞𝐞𝐭: léiert Är Passwierder ze schützen, Betruchsversich ze erkennen, Hëllef ze fannen an Är eegen digital Verteidegungsstrategien opzebauen – mat der YourConnectivity Box vu My Connectivity. 
D’Box baséiert op engem Kaartespill mat 40 Kaarten, opgedeelt a véier thematesch Beräicher, dat Iech op eng spilleresch Aart a Weis wichteg Wëssen iwwer digital Sécherheet vermëttelt.
👉 𝐀̈𝐞𝐫𝐭 𝐠𝐫𝐚𝐭𝐢𝐬 𝐊𝐚𝐚𝐫𝐭𝐞𝐬𝐩𝐢𝐥𝐥 (𝐨𝐩 𝐋𝐔, 𝐅𝐑 𝐨𝐝𝐞𝐫 𝐄𝐍) 𝐤𝐞̈𝐧𝐧𝐭 𝐃𝐢𝐫 𝐚𝐛 𝐞𝐥𝐨 𝐛𝐞𝐢 𝐝𝐞𝐫 𝐆𝐞𝐦𝐞𝐧𝐠 𝐨𝐟𝐡𝐮𝐞𝐥𝐞𝐧 𝐨𝐝𝐞𝐫 𝐝’𝐎𝐧𝐥𝐢𝐧𝐞-𝐕𝐞𝐫𝐬𝐢𝐨𝐮𝐧 𝐡𝐞𝐢 𝐞𝐧𝐭𝐝𝐞𝐜𝐤𝐞𝐧: https://myco.lu/box 
🇫🇷 𝐑𝐞𝐧𝐟𝐨𝐫𝐜𝐞𝐳 𝐯𝐨𝐭𝐫𝐞 𝐬𝐞́𝐜𝐮𝐫𝐢𝐭𝐞́ 𝐧𝐮𝐦𝐞́𝐫𝐢𝐪𝐮𝐞 : apprenez à protéger vos mots de passe, à identifier les arnaques, à trouver de l’aide et à développer vos propres réflexes de défense numérique grâce à la YourConnectivity Box de MyConnectivity.
À travers un jeu de cartes composé de 40 cartes, réparties en quatre thématiques, vous découvrirez ces sujets de manière simple et ludique.
👉 𝐕𝐨𝐭𝐫𝐞 𝐣𝐞𝐮 𝐝𝐞 𝐜𝐚𝐫𝐭𝐞𝐬 𝐠𝐫𝐚𝐭𝐮𝐢𝐭 (𝐞𝐧 𝐋𝐔, 𝐅𝐑 𝐨𝐮 𝐄𝐍) 𝐞𝐬𝐭 𝐝𝐢𝐬𝐩𝐨𝐧𝐢𝐛𝐥𝐞 𝐝𝐞̀𝐬 𝐦𝐚𝐢𝐧𝐭𝐞𝐧𝐚𝐧𝐭 𝐚𝐮𝐩𝐫𝐞̀𝐬 𝐝𝐞 𝐥𝐚 𝐜𝐨𝐦𝐦𝐮𝐧𝐞, 𝐨𝐮 𝐝𝐞́𝐜𝐨𝐮𝐯𝐫𝐞𝐳 𝐥𝐚 𝐯𝐞𝐫𝐬𝐢𝐨𝐧 𝐞𝐧 𝐥𝐢𝐠𝐧𝐞 𝐢𝐜𝐢 : https://myco.lu/box
Blummen Atelieren zu Ueschdref

Blummen Atelieren zu Ueschdref

🌸 Bis Enn Mee organiséiert d’Nadège vun Or K’idées erëm 6 verschidde Blummenatelieren! Dëst Joer sinn se zu Ueschdref am Centre Culturel.
 
 
 
🇫🇷 Jusqu’à la fin du mois de mai, Nadège d’Or K’idées propose à nouveau six ateliers floraux variés.
Cette année, les ateliers se déroulent à Arsdorf au Centre Culturel.
 

Preventioun géint den Abroch

Preventioun géint den Abroch

 

Dir maacht Iech Suergen punkto Abréch?
D’Policekommissariat Atert invitéiert Iech den 12.01.2026 um 19:00 Auer op eng Informatiounsversammlung iwwert d’Abrochpräventioun am Centre Polyvalent zu Osper.

—-

🇫🇷 Vous êtes préoccupé(e) par les cambriolages dans votre région ?
Le commissariat de police d’Atert vous invite à une réunion d’information sur la prévention des cambriolages, le 12 janvier 2026 à 19h00, au Centre Polyvalent à Osper.

 

Studentenjob an der Maison Relais zu Kietscht

Studentenjob an der Maison Relais zu Kietscht

𝐃’𝐌𝐚𝐢𝐬𝐨𝐧 𝐑𝐞𝐥𝐚𝐢𝐬 𝐃𝐞 𝐉𝐡𝐚𝐧𝐠𝐞𝐥𝐢 𝐞𝐧𝐠𝐚𝐠𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭 𝐒𝐭𝐮𝐝𝐞𝐧𝐭𝐞 𝐟𝐢𝐫 𝐝’𝐕𝐚𝐤𝐚𝐧𝐳𝐞𝐧𝐚𝐤𝐭𝐢𝐯𝐢𝐭𝐞́𝐢𝐭𝐞 𝐯𝐮𝐧 𝐝𝐞𝐫 𝐌𝐚𝐢𝐬𝐨𝐧 𝐑𝐞𝐥𝐚𝐢𝐬 𝐳𝐮 𝐊𝐢𝐞𝐭𝐬𝐜𝐡𝐭 𝐟𝐢𝐫 𝐝𝐞 𝐒𝐮𝐦𝐦𝐞𝐫 𝟐𝟎𝟐𝟔.
📍 Aarbechtsplaz: Schoul Kietscht
⏰ Aarbechtszäit: 35 Stonnen / Woch
📅 Zäitspan: vum 13.07. bis den 31.07.2026
🔎 Viraussetzungen:
-op mannst 18 Joer al sinn
-an enger Schoul oder Vollzäitstudium ageschriwwe sinn
-Studium am educativen oder soziale Beräich (LTPES Léiweng oder Universitéit) oder Erfarung am Beräich vun der Kanner & Jugendberäich (op mannst Brevet Animateur A)
-Lëtzebuergesch schwätzen
📨 𝐊𝐥𝐞́𝐧𝐠𝐭 𝐢𝐧𝐭𝐞𝐫𝐞𝐬𝐬𝐚𝐧𝐭? 𝐃𝐚𝐧𝐧 𝐬𝐜𝐡𝐞́𝐜𝐤𝐭 𝐀̈𝐫 𝐃𝐞𝐦𝐚𝐧𝐝𝐞 𝐛𝐢𝐬 𝐬𝐩𝐞́𝐢𝐭𝐬𝐭𝐞𝐧𝐬 𝐝𝐞 𝟔. 𝐌𝐚̈𝐞𝐫𝐳 𝟐𝟎𝟐𝟔 𝐮𝐧:
Maison relais – Centre scolaire Koetschette
À l’attention de Mme Ramona Baum
1, rue de la Paix
L-8821 Koetschette
oder per E-Mail op
📧 mr.rambrouch@arcus.lu

Ee Stopp fir de Mupp

Ee Stopp fir de Mupp

𝐄 𝐒𝐭𝐨𝐩𝐩 𝐟𝐢𝐫 𝐝𝐞 𝐌𝐮𝐩𝐩 – 𝐒𝐚𝐦𝐦𝐞𝐥𝐭 𝐊𝐨𝐫𝐤𝐞𝐬𝐭𝐞̈𝐩𝐩! ♻️
Bis den 30. Juni 2026 kënnt Dir dës Korkestëpp (vu Wäin- oder Schampesfläschen) sammelen an an eiser Schoul (am Klassesall vun Ärem Kand), an der Maison Relais oder an der Rezeptioun vun der Gemeng ofginn.
🎯 Firwat?D’Vereenegung ASA asbl (Amicale fir Assistenzhënn) finanzéiert mat dëse Korken d’Ausbildung vun Hënn, déi Mënsche mat spezielle Besoinen hëllefen.
🏆 𝐁𝐨𝐧𝐮𝐬 : Et ass e Concours tëscht de Schoulen aus dem Kanton Réiden!D’Schoul oder Gemeng, déi déi meescht Korken zesumme bréngt, kritt eng Coupe 🏅 – an d’ASA kënnt d’Hënn an déi Schoul virstellen.
⚠️ Wichteg: Nëmmen Korken aus Naturkork ginn ugeholl.🐶 Hëlleft mat – all Kork zielt! ♻️
🇫🇷 Jusqu’au 30 juin 2026, vous pouvez collecter des bouchons en liège (de bouteilles de vin ou de crémant) et les déposer à l’école (dans la salle de classe de votre enfant), à la Maison Relais ou à la réception de la commune.
🎯 Pourquoi ?
L’association ASA asbl (Amicale pour les chiens d’assistance) finance grâce à ces bouchons la formation de chiens d’assistance qui aident des personnes ayant des besoins spécifiques.
🏆 𝐁𝐨𝐧𝐮𝐬 :
Il s’agit d’un concours entre les écoles du canton de Redange !
L’école ou la commune qui ramènera le plus grand nombre de bouchons recevra une coupe 🏅 et l’ASA viendra présenter son travail et ses chiens dans cette école.
⚠️ Important : Seuls les bouchons en liège naturel sont acceptés.
🐶 Participez – chaque bouchon compte ! ♻️

𝐌𝐢𝐫 𝐬𝐢𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐞𝐞𝐧/𝐞𝐧𝐠 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐛𝐮𝐬𝐛𝐞𝐠𝐥𝐞𝐞𝐝𝐞𝐫(𝐢𝐧)

𝐌𝐢𝐫 𝐬𝐢𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐞𝐞𝐧/𝐞𝐧𝐠 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐛𝐮𝐬𝐛𝐞𝐠𝐥𝐞𝐞𝐝𝐞𝐫(𝐢𝐧)

𝐌𝐢𝐫 𝐬𝐢𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐞𝐞𝐧/𝐞𝐧𝐠 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐛𝐮𝐬𝐛𝐞𝐠𝐥𝐞𝐞𝐝𝐞𝐫(𝐢𝐧) (𝐦/𝐟/𝐱) 𝐟𝐢𝐫 𝐝𝐞 𝐤𝐨𝐦𝐦𝐮𝐧𝐚𝐥𝐞 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐛𝐮𝐬-𝐒𝐞𝐫𝐯𝐢𝐜𝐞.
 
– 𝟏𝟎 𝐒𝐭𝐨𝐧𝐧𝐞𝐧 𝐝’𝐖𝐨𝐜𝐡 || 𝐚𝐮𝐬𝐬𝐞𝐫 𝐰𝐚̈𝐫𝐞𝐧𝐝 𝐝𝐞 𝐕𝐚𝐤𝐚𝐧𝐳𝐞𝐧 – 𝐝𝐨 𝐚𝐬𝐬 𝐟𝐫𝐚̈𝐢.
-Kontrakt bis Enn vum Schouljoer
-Statut: Gemengenaarbechter – Carrière B
 
Schéck däi Bewerbungsdossier un:
Gemeng Rammerich
19, rue Principale
L-8805 Rambrouch
 
𝐃𝐞 𝐃𝐨𝐬𝐬𝐢𝐞𝐫 𝐬𝐨𝐥𝐥 𝐞𝐧𝐭𝐡𝐚𝐥𝐞𝐧:
– Liewenslaf mat Foto
– Kopie vum ID-Kaart oder Pass
Schouldiplomer a Zertifikater
– Ee rezenten Acte de naissance
– Casier judiciaire Nr. 3, 4 a 5
– Führerschäin (Kategorie B verlaangt)
 
 Onkomplett Dossiere ginn net berécksiichtegt.
 
Inventaire vun alle private Pëtzer a Buerungen

Inventaire vun alle private Pëtzer a Buerungen

🇱🇺 D’Administration de la gestion de l’eau wëllt een Inventaire vun alle private Pëtzer a Buerungen erstelle fir de langfristege Schutz vum Grondwaasser.

ℹ️ Weider Informatioune an de Formular fir sech bei hinnen ze mellen fannt Dir an hirem Flyer hei ënnendrënner.

🇫🇷 L’Administration de la gestion de l’eau souhaite établir un inventaire de tous les puits et forages privés afin d’assurer la protection à long terme des eaux souterraines.

ℹ️ Vous trouverez de plus amples informations ainsi que le formulaire pour vous inscrire dans leur publication ci-dessous.