Inklusive Chouer All together

D’Fondation EME organiséiert an Zesummenaarbecht mam LEADER-Grupp Wëlle Westen an Op der Schock asbl en inklusive Chouer fir eeler oder sozial benodeelegt Leit a Mënsche mat Krankheet oder Beanträchtegungen. Am Kader vun hirem 15. Anniversaire huet dëse Projet als Zil d’Awunner vun der Regioun mat Hëllef vu Musek zesummenzebréngen, an domat Inklusioun an Diversitéit an de Gemengen ze fërderen.

Komm sang mat!

All Chouer studéiert ënner professioneller Leedung an der Begleedung vu Museker.innen iwwer 10 Prouwe Lidder an, déi bei engem Ofschlossconcert virum Summer an der Regioun an engem weidere, grousse Concert, de 6. Juli op der Kinnekswiss an der Stad presentéiert ginn.

D’Prouwen si fir jiddereen op! All Mënsch dee Loscht huet ze sangen, ass bei dësem eenzegaartege musikaleschen Erliefnis wëllkomm! Et brauch ee keng gesanglech Virkenntnesser : d’Atelieren si fir all Niveau op.

Op den Internetsäite www.alltogether.lu a aw.leader.lu fannt Dir all néideg Informatiounen an d’Méiglechkeet sech unzemellen.

D’Participatioun un de Concerten ass net obligatoresch; all Participant hutt och d’Méiglechkeet einfach bei de Prouwe matzemaachen.

D’Prouwen sinn vum 27.02.2024 – 04.06.2024, all Dënschden vu 16h30 bis 18h00 bei Op der Schock zu Réiden.

Mellt Iech un op :  Contact@fondation-eme.lu
T: 26 02 27 430

Dernière modification le 29.02.2024

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal