Kommunale Wunnengsbau zu Bungeref

Kommunale Wunnengsbau zu Bungeref

Verkaf vun 3 Appartementer an enger Residenz

D’Gemeng Rammerich verkeeft dräi Appartementer an enger Residenz, geleeën an der Rue du village zu Bungeref.

D’Wunnenge sinn aktuell an der Planungsphas.
De Start vun de Bauaarbechten ass fir Ufank 2027 virgesinn, mat enger viraussiichtlecher Schlësseliwwerreechung Mëtt 2028.

D’Appartementer ginn zu Gestehungspräiss ugebueden, a gi schlësselfäerdeg verkaaft, inklusiv dem jeeweilegen Undeel um Terrain. De Verkaf riicht sech haaptsächlech u Bierger aus der Gemeng.

Eng vun de Wunnengen ass prioritär reservéiert fir Leit mat Handicap.

Charakteristike vun den Appartementer

Wunnfläch: 45 m² bis 82 m² (jee no Unitéit)

All Appartement ëmfaasst:

  • 1 bis 2 Schlofzëmmer
  • Kichen (net equipéiert)
  • Wunn- an Iessberäich
  • Buedzëmmer mat Dusch
  • Separat Toilette
  • Privat Terrass (Parterre)
  • Parkplazen (baussen) pro Unitéit

Energieklass vun der Residenz: A/A

Festgeluechte Verkafspräisser

(Reduzéierten TVA-Taux vun 3 % abegraff)

  • Appartement 1: 528.000 € TTC 3 %
  • Appartement 2: 284.000 € TTC 3 %
  • Appartement 3: 313.000 € TTC 3 %

Dës Präisplafongen dierfen ënner kengen Ëmstänn erhéicht ginn, ausser bei zousätzleche Leeschtungen, déi vum Keefer decidéiert ginn.

Zousätzlech Leeschtungen, inklusiv Kichen, däerfen op kee Fall 10 % vum Verkafspräis TTC iwwerschreiden.

D’Notaireskäschten falen zu Laaschte vum Keefer

Een eventuellen TVA-Remboursement ass op 50.000 € plafonéiert.

Konditiounen

  • Obligatoresch Notzung als Haaptwunnsëtz
  • Net Proprietär vun engem Bauterrain sinn an och net am Besëtz vun engem anere Wunnobjekt zu Lëtzebuerg oder am Ausland sinn.

  • Vergab no ausgewielte Critèrë: Wunnsëtz, Alter a Revenu
  • Erstellen vun enger Lëscht no ofsteigender Reiefolleg vun de Punkten
  • Bei Punktegläichheet kritt de Kandidat mat dem niddregste Revenu de Virrang
  • Logik tëscht Zesummesetzung vum Stot an der Zuel vun de Schlofzëmmeren

Déi detailléiert Critèrë fannt Dir am Bewerbungsformular.

Modalitéite fir ze kandidéieren

D’Formulairë fir Interessi unzemellen an eng Kandidatur anzereeche fannt Dir hei op Däitsch an hei op Franséisch. 

Melle kann ee sech bis den 30. Abrëll 2026. 

Logements communaux à Bigonville

Vente de 3 appartements en résidence

L’Administration communale de Rambrouch met en vente trois appartements en résidence, situés rue du Village à Bigonville.

Les logements sont actuellement en phase de planification.
Le début des travaux est prévu pour début 2027, avec une remise des clés estimée à mi-2028.

Les appartements sont proposés au prix de revient et vendus clés en main, quote-part terrain incluse.
La vente s’adresse prioritairement aux citoyens de la commune.
L’un des logements est prioritairement réservé aux personnes en situation de handicap.

Caractéristiques des appartements

Surface habitable : de 45 m² à 82 m² (selon l’unité)

Chaque appartement comprend :

  • 1 à 2 chambres à coucher

  • Cuisine non équipée

  • Séjour et salle à manger

  • Salle de bain avec douche

  • WC séparé

  • Terrasse privative (rez-de-chaussée)

  • 2 emplacements de stationnement extérieurs par unité

Performance énergétique de la résidence : A/A

Prix de vente plafonnés

(TVA super-réduite de 3 % incluse)

  • Appartement 1 : 528.000 € TTC 3 %

  • Appartement 2 : 284.000 € TTC 3 %

  • Appartement 3 : 313.000 € TTC 3 %

Ces prix plafonds ne peuvent en aucun cas être augmentés, sauf suppléments décidés par l’acquéreur.
Les suppléments éventuels, cuisine incluse, ne peuvent dépasser 10 % du prix de vente TTC.

Les frais d’actes sont à charge de la partie acquéreuse.

Le remboursement de la TVA (le cas échéant) est plafonné à 50.000 €.

Conditions d’attribution

  • Occupation obligatoire à titre de résidence principale

  • Interdiction de détenir un usufruit ou la propriété d’un autre logement au Luxembourg ou à l’étranger

  • Attribution selon des critères pondérés : domicile, âge et revenu

  • Classement par ordre décroissant du nombre de points

  • En cas d’égalité : priorité au candidat disposant du revenu le plus faible

  • Adéquation entre la composition du ménage et le nombre de chambres

Les critères détaillés figurent dans le formulaire de candidature.

Modalités de candidature

Cliquez ici pour accéder aux formulaires permettant de manifester son intérêt et d’introduire une candidature.  

Les personnes intéressées par des logements abordables peuvent manifester leur intérêt jusqu’au 30 avril 2026. 
Dernière modification le 09.03.2026

Des articles de la même catégorie